Spektakulär Reaktiounen
Mir wäerten flott an zimlech spektakulär chemesch Reaktioune kenne léieren.
An Experimenter, déi s du selwer méchs, wäerts du faarweg Flamen, kënschtlecht Filmblutt, Eegenschafte vu verschiddene Gasen, an nach villes aneres kenne léieren.
Ausserdeem dierfs du eng Fläsch versëlweren, déi s du och mat heem huelen däerfs.

